Päiperleken (Lepidoptera) sinn eng Uerdnung vun Insekten, déi aus 46 Iwwerfamillen, ronn 130 Famillen a ronn 160.000 beschriwwenen Aarte bestinn (Stand: 2011). No de Kiewerleken (Coleoptera) ass et déi Insektenuerdnung mat deene meeschten Aarten.
Ausser an der Antarktik gëtt et Päiperleken op alle Kontinenter. A Mëtteleuropa gëtt et eng 4.000 Aarten, a ganz Europa sinn et der iwwer 10.600.
"Päiperlek" ass den Numm vun der erwuessener Form vum Déier. Am Larvenzoustand gi se "Raup" genannt.
Et gouf a gëtt zum Deel nach eng Abberzuel Varianten a lokal Bezeechnunge fir de Päiperlek: Pappeljong (Rodange), Päipel (Méischtref, Colmer, Schous asw.), Päipeler (Grousssbous), Päipelchen (Habscht), Päipeldéier (Gréiwemaacher, Trënteng), Päipelhong, Päipelpapel, Päipampel (Esch-Uelz., Bartreng, Holzem, Garnech, Lampech), Päipompel, Päipléng (Ga), Päiperlek, Päiperlénk, -léng, Paiperlek (Lëtz.-Stad), Paipernell (Dikrech), Päperell, Päiplek (Habscht), Päipléng, Päiplénk (Klierf), Päpampel (Dippech), Päipëmpel, Päinapel, Peenapel (Käerch), Pädéier, Päpeldéier (Stroossen), Päipameel (Rëmleng), Pëmpernell, Pëmpeipel, Pëpperell, Päpperell, Pimpampel (Bartreng, Mamer, Diddeleng), Pimplam (Ëlwen), Pippel (Norde vum Eislek), Pipper, Pléipeplap, Bläipeplap, Pléiper (-plap) (Veianen), Plimplomp, Plimplam, Prebleng (Ëlwen), Pripel (Boxer), Féipeler (Groussbus), Fléif(l)ank, Flingflang, Flëntermaus, Flëtter (Rammerech), Flippflapp (Pëtscht), Flippert (Kauneref), Flibbor, Flippflapp — Mëllerdittchen (Wuermer), Mëllerdippchen (Bilsdref), Mëllerek (Äischen), Mëllerchen (Biekerech), Millermoaler (Iechternach, Wolz), Millerdéck (Wanseler), Millerdapp (Bondorf), Millrendapp, Milleflippert, Miller (Siwenaler), Millack (Aasselbuer), Milor (Esch-Sauer, Gréiwels, Buerschent)[1]
Paiperleke gehéieren zu den Insekten, déi an de leschte Joerzéngte staark réckgängeg sinn an domat op prominenter Plaz an de Roude Lëschte vertruede sinn.[2] Den Insektesammler Pierre Croisé aus dem Stadgronn huet schonn 1915 drop higewiesen, wéi rar d'"Bläulinge" (Lycaenidae) gi waren, wéinst dem d'Verschwanne vu Biotopen, besonnesch duerch Opforstung vu Wisendällte mat Nolebeem: "... dahin das schimmernde und das eitel funkelnde Völkchen der Lycaeniden!".[3] Lescht Populatiounen vun Lycaena helle konnten an den 1990er Joren ënnersicht ginn.[4]