Den Ieselsfouss, respektiv den Ieselshouf (Tussilago farfara), ass déi eenzeg Aart vun der Gattung Tussilago aus der Famill vun den Asteraceae.
Dem Heng Klees no huet si nach follgend lëtzebuergesch Nimm: Ieselsféiss, Fils avant le père, Kalefuerz, Kazeschéngchen, Leemblat, Moukeblat, Moukepräbbeli.[1] Beim Edmond J. Klein war 1897 follgend Schreifweis ze fannen: Lêmblât, Iêselsfǒss, Iêselshǒf.[2] respektiv beim Joseph Weber am Joer 1890: Lèmblât[3], Ièselsfǒss, Ièselshǒf.[4]
De wëssenschaftlechen Numm kënnt aus dem laténgeschen: Tussilago staamt vun "tússis" = Houscht, de Suffix "-ago" vun "ágere" = verdreiwen. Den Aartnumm fárfara staamt vu "farina" = Miel a "férre" = droen, en Hiwäis op déi gro Hoer vun der Planz.
D'Form vun senge Blieder erënneren un en Houf, dofir heescht d'Planz op Däitsch "Huflattich".
D'Planz déi e puer Joer hannereneen erëmkënnt, gëtt tëscht 7 a 30 cm héich a blitt tëscht Mäerz an Abrëll. Hie gehéiert zu den éischten Fréijoersbléier. Seng Bléien entwéckele sech virun de Blieder, dofir gëtt en och "Fils avant le père" genannt, och op Lëtzebuergesch!
Den Ieselsfouss wiisst gären op leemege Plazen laanscht Weeër.
Wéi säi laténgeschen Numm et seet, ass den Ieselsfouss eng Heelplanz géint den Houscht. Seng Blieder ginn (ënner dem Numm "Farfarae folium") an Houschttéi verschafft.
Den Ieselsfouss ass zu Lëtzebuerg geleefeg an net bedréit.[5]
Den Ieselsfouss, respektiv den Ieselshouf (Tussilago farfara), ass déi eenzeg Aart vun der Gattung Tussilago aus der Famill vun den Asteraceae.