dcsimg

Guanako ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

D' Guanako (Lama guanicoe) ass e Mamendéier aus der Famill vun de Kaméiler (Camelidae). E lieft virun allem am westlechen a südleche Südamerika, an den Anden an an der Pampa, an ass d'Stammform vum zame Lama.

Guanakoe si vu Kapp bis den Hënner 120 bis 220 Zentimeter laang, hunn eng Schëllerhéicht vun 120 Zentimeter a weien eng 100 bis 120 Kilogramm. Hire Pelz ass wolleg an dicht; hir Faarf ass hellbrong uewendrop an ënnendrënner wäiss, d'Gesiicht dacks schwaarz.

Wéi all Kaméiler hu si relativ laanggestreckt, gourech Been, e laangen, dënnen Hals an e klenge Kapp. D'Féiss hunn zwou Zéiwen, déi, amplaz vun Houf, Polsteren hunn. De Mo besteet aus méi Kummeren, wat bei der Verdauung vu planzlechem Kascht hëlleft.

Guanakoe liewen a Familljenträpp vun enger gudder Dosen Déieren, déi vun engem Männche geleet ginn, a soss aus e puer Weibercher an hire Jonge bestinn.

Um Spaweck

Commons: Guanako – Biller, Videoen oder Audiodateien
license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren

Guanako: Brief Summary ( Luxembourgish; Letzeburgesch )