D'Asiatescht Himmelsdéierchen (Harmonia axyridis) ass eng Aart aus der weltwäit verbreeter Famill vun den Himmelsdéiercher (Coccinellidae) an aus der Uerdnung vun de Kiewerleken (Coleoptera). Et gëtt op Englesch "Harlequin Ladybird" an op Franséisch "coccinelle arlequin" genannt.
D'Asiatescht Himmelsdéierchen ass déi invasiivst Aart vu Coccinellidae op der Äerd a gehéiert a ville Regiounen zu den Neozoen. Zanter dem Joer 2000 verbreet et sech rasant an Europa. D'Aart gouf aus China agefouert a gëtt zanter 1997 an den Zäre fir d'biologesch Bekämpfung vu Blatlais agesat, huet sech du relativ séier an der Natur etabléiert. D'Aart ass aggressiv a verdrängt déi heemesch Himmelsdéiercher. Dat Asiatescht Himmelsdéierche frësst net nëmme Blatlais a Schëldlais, mä och aner Aarte vun Himmelsdéiercher a Florfliegen (Chrysopidae). Et geet och un Uebst oder Drauwen a kann de Wäinertrag duerch e schlechte Goût a Gefor bréngen.
Dat Asiatescht Himmelsdéierchen ass zanter 2004 zu Lëtzebuerg nogewisen[1]. Et war op der Affiche vun der Ausstellung "Evolution - up to date" ze gesinn, déi vum 30. Oktober 2009 bis den 11. Abrëll 2010 am Kader vum Darwin-Gedenkjoer 2009 am Naturmusée gewise gouf.