dcsimg

Mécken ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages
 src=
Schäissmécken op engem Kouflapp
 src=
Beendetail vun enger Hausméck

Mécken (Brachycera) sinn eng Ënneruerdnung vun den Diptera ("déi mat zwéi Flilleken"), zu där eng sëlleche Famillje gezielt ginn. "Brachycera" sëtzt sech aus de griichesche Wierder brachy "kuerz" an ceros "Har", hei: "Fühler" zesummen.

Jee nodeem, wéi d'Mécken aus hire Poppen erausklammen, ginn se ënneragedeelt a "Spaltschlüpfer" (Orthorrhapha), déi de laange Wee aus enger Spléck aus hire Poppen erausklammen, an "Deckelschlüpfer" (Cyclorrhapha), déi den Deckel vun der Popp ewechdrécken.

Liewensweis

Ausgewuesse Mécken (Imago) liewe just e puer Wochen oder Deeg. Am längsten dauert de Larvestadium, woubäi dës an den ënnerschiddlechste Liewensraim an op den ënnerschiddlechste Substrater virkommen.

Ernierung

Mécken erniere sech virun allem vun organesche Substanzen, sief et vun organesche Matièren, déi am Gaang sinn, sech ze zersetzen, wéi och als Jeeër vun aneren Insekten oder als Parasiten. An de meeschte Fäll erniere sech souwuel d'Larve wéi och d'Imagines.

Reproduktioun

Vill Aarte leeën hir Eeër onspezifesch a këmmere sech kaum ëm hir Bréiecht. Dës Aarte leeën deementspriechend héich Zuele vun Eeër. Aner Aarten, besonnesch bei deenen, déi als Parasite liewen, këmmere sech méi ëm hir Bréiecht. Zuel an Heefegkeet vum Nowuess ass staark ofhängeg vu Klima, disponibelem Friessen, etc.

Besonnesch Upassungen

Mécke si kapabel, och op glate Surfacen Halt ze fannen.

D'Larve vun enger Rëtsch Méckenaarte liewen a Fleesch, Exkrementer oder anerem organeschem Material, dat am Gaang ass sech ze zersetzten. Do kënne se pathogen Keimer ophuelen, an dës op Mënsch oder Déier iwwerdroen.

Besonnesch divers Aarte vun de Famillje vun de Schäissmécken (Calliphoridae), Fleeschmécken (Sarcophagidae) an Echt Mécken (Muscidae, z. B. déi wäit verbreet Hausméck), kënne Krankheeten iwwerdroen. Hir Muede liewe virun allem vun ofgestuerwene Substanzen, sief et vun Déieren oder Planzen. Eenzel Aarte liewen och a liewegem Gewief, a kënnen sou eng Myiasis ausléisen (ë. a. d'Larva migrans).

Systematik

Mécke ginn an Orthorrapha ("Spaltschlüpfer") Cyclorrhapha ("Deckelschlüpfer") agedeelt.

Literatur

  • Joachim Haupt & Hiroko Haupt: Fliegen und Mücken. Beobachtung – Lebensweise. Weltbild, Augsburg 1998, ISBN 3-89440-278-4

Um Spaweck

Commons: Mécken – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Méck Definitioun, Synonymer an Iwwersetzungen
license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren

Mécken: Brief Summary ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages
 src= Schäissmécken op engem Kouflapp  src= Beendetail vun enger Hausméck